
Wëllkomm bei Stäreschnäizchen
Perinatal Trauerbegleedung
Léif Mamma
Du bass warscheinlech aus engem ganz bestëmmte Grond ob meng Säit kucke komm. Du hues grad eng Nouvelle kritt déi deng ganz Welt, déi dach grad voller Hoffnung an neiem Liewe war, déifgrënneg erschüttert huet. Eng Nouvelle, déi dir de Buedem ënnert de Féiss ewechgezunn huet.
D'Noriicht dass däi Puppelche wuel net wäert kenne lieweg op d'Welt kommen oder net wäert dierfe béi dir grouss ginn ass dat Schwéierst wat Eltere mussen héieren.
A wat elo? Wat geschitt elo? Wéi geet et weider? Wéi iwwersti mir dat hei?
Bei all deene Froe kann ech dir zur Säit stoen, an dech an deng Famill versichen esou gutt ewéi méiglech duerch dës schwéier Zäit ze begleeden. Egal wéi eng Entscheedung s du fir dech , däi Puppelchen an déng Famill hëls, ech sinn do fir dir an iech zur Säit ze stoen, fir dech ze ënnerstëtzen, dech opzefänken an dech ze halen!

Trauer

Wat ass Trauer...
Trauer ass eng natierlech Reaktioun op e Verloscht. Si kann sech hannert vill verschidde Gefiller verstoppen, wéi Traueregkeet, Roserei, Angscht, Scholdgefiller oder heiansdo souguer Erliichterung a Momenter vu Rou. All Trauer ass eenzegaarteg, an et gëtt kee richtegen oder falsche Wee,
fir ze Traueren. Mee et ass wichteg sech op seng Trauer anzeloossen an sech ëm se ze këmmeren. Net fir ze vergiessen, mee fir dass de Verloscht net méi d'Liewe bestëmmt, a lues a lues eng Plaz als Deel vun der eegener Liewensgeschicht kritt
„Et ass ëmmer de Verloscht vun enger grousser
Léift!“
- Corinna Hansen-Krewer


Begleedung

Meng Servicer

Wéi begleeden ech...
Empathesch begleet ze ginn ass bei all Trauerwee wichteg. Awer villäicht besonnesch bei der perinataler Trauer, déi nach e groussen Tabu an eiser Gesellschaft duerstellt, a leider nach vill ze dacks ob Onverständnis trëfft. Duerch perséinlech Gespréicher, an eng kontinuéierlech Erreechbarkeet, begleeden ech dech duerch dës schwéier Zäit. Zesumme kucke mir fir Erënnerungen ze schafen, déi dee leider vill ze kuerze Passage vun dengem Kand ob dëser Welt festhalen, a mat Hëllef vu Massagen a verschiddene Ritualer brénge mir nees e bëssen Halt, Rou,
Gebuergenheet a Wäermt an däi Liewen.

Massagen

Wéi Massagen hëllefe kennen...
Trauer spillt sech net nëmmen an de Gedanken of, mee och mam Kierper. Stress, Middegkeet, Uspanung oder d'Gefill vu sengem Kierper a senger Ëmwelt Ofgeschnidden ze sinn, kënne sech kierperlech bemierkbar maachen. Trauermassagen an Ayurveda Massagë kënnen dobäi hëllefen, nees mat dem eegene Kierper a Kontakt ze kommen, Spannungen ze léisen a Momenter vu Rou a Gebuergenheet ze erliewen. Si schafen e séchere Raum, an deem den Otem erëm méi fräi ka ginn, d'Nervesystem sech erëm e bësse berouege kann, a wou ee sengem Kierper erëm mat méi Vertraue begéine kann.

„Et gi Momenter am Liewen, do bleift d'Welt fir ee kuerzen Ament stoen. A wann si sech dann nees weider dréit,
ass näischt méi esou, wéi et virdru war.“
- Auteur onbekannt

Iwwer mech
Ech si Mamm vu fënnef Kanner a wunnen zu Äischen, engem klengen Duerf am Weste vu Lëtzebuerg, nëmmen e puer Haiser vun der Belscher Grenz ewech.
Zanter der Gebuert vu mengem éischte Kand 2012 sinn ech faszinéiert vu Schwangerschaft a Gebuert.
Ufank 2025 hunn ech mir dunn endlech e groussen Häerzenswonsch erfëllt an hunn eng Ausbildung zur Doula gemaach. Ganz schnell hunn ech gemierkt dass d'Thema vun de Stärekanner an de Stäreneltere mech op eng ganz besonnesch Aart a Weis beréiert, an hu mech dunn dofir entscheet mech zousätzlech zur perinatalen Trauerbegleederin ausbilden ze loossen.



