
Begrëffer
Heiansdo ass e Wuert net nëmmen e Wuert. Hei fënns du déi wichtegst Begrëffer am Zesummenhang mat der perinataler Trauer, an déi
néideg Erklärunge fir dobäi

Begrëffer
A mengem Alldag an a mengen Texter versichen ech, eng respektvoll, wäertschätzend a sensibel Sprooch ze benotzen. Well verschidde Wierder, deenen s du op dëser Säit ëmmer nees begéins, sech nach net am allgemenge Sproochgebrauch etabléiert hunn, fënns du hei e puer Erklärungen dozou. Och verschidde medezinesch Begrëffer an Ofkierzunge ginn hei nach eng Kéier erkläert, fir d'Versteesdemech ze erliichteren. Fir dass du se ganz einfach erëmfënns, sinn se an alphabetescher Reiefolleg opgelëscht.
IMG
IMG (Interruption Médicale de Grossesse) bezeechent den Ofbroch vun enger Schwangerschaft aus medezinesche Grënn. Dëst kann néideg sinn, wann d’Gesondheet oder d’Liewe vun der schwangerer Fra eescht a Gefor ass oder wa beim Kand eng schwéier Erkrankung oder Feelbildung festgestallt gëtt, déi mat dem Liewen net vereinbar ass oder mat ganz schwéiere Konsequenze verbonnen ass. Fir vill Elteren ass eng IMG mat enger déiwer Trauer an dem Verloscht vun hirem Kand verbonnen.
IVG
IVG (Interruption Volontaire de Grossesse) bezeechent de fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch, deen op Wonsch vun der schwangerer Fra an am Kader vun de gesetzleche Bestëmmunge gemaach gëtt. Och no enger IVG kënnen Trauer, Ambivalenz oder aner intensiv Gefiller optrieden, an dës verdéngen Opmierksamkeet a respektvoll Begleedung.
Kleng Gebuert
Wann een an der perinataler Trauerbegleedung vun enger Klenger Gebuert schwätzt, da mengt een domat am Fong eng 'Feelgebuert'. Dëse Begrëff, deen sech aus de Wierder 'Feeler' an 'Gebuert' zesummesetzt, gëtt awer vu ville Betraffenen als schwiereg empfonnt, well en onbewosst suggeréiert, datt eppes falsch gemaach gouf oder datt d’Gebuert „gescheitert“ wier. De Begrëff vun der 'Klenger Gebuert' weist am Géigesaz dozou awer dorop hin dass et sech heibäi effektiv em eng Gebuert handelt, awer eben em eng, mat engem ganz klenge Puppelchen.
Aus medezinescher Siicht schwätzt ee bis zur 22. Schwangerschaftswoch oder bei engem Gebuertsgewiicht ënnert 500 gr vun enger Feelgebuert, oder ebe vun enger Klenger Gebuert.
PMA
PMA ass d'Ofkierzung vum Begrëff „Procréation Médicalement Assistée“
Domat sinn all d'medezinesch Methode gemengt, déi enger Persoun oder enger Koppel hëllefen, eng Schwangerschaft ze erreechen, wann dat op natierlechem Wee net oder net einfach méiglech ass.
Reeboukand
E Reeboukand ass e Puppelchen, deen no engem perinatale Verloscht wärend enger spéiderer Schwangerschaft lieweg op d’Welt kënnt. De Begrëff soll d’Hoffnung an d’Freed iwwer dat neit Liewe symboliséieren, ouni den erliefte Verloscht vum Kand aus der vireschter Schwangerschaft ze vergiessen.
Stärekand
E Stärekand, ass e Puppelchen dee wärend der Schwangerschaft, wärend der Gebuert oder an den éischten 28 Deeg no senger Gebuert stierft. Dëse Begrëff soll op eng feifilleg Aart a Weis ausdrécken dass dës Kanner schonn den Himmel erreecht hunn ier si eis Welt wierklech hunn dierfe kenneléieren.
Den internationalen Dag vun de Stärekanner ass de 15. Oktober.
Stärenelteren
Stäreneltere sinn Elteren déi ee Stärekand hunn, déi also ob mannst ee perinatale Verloscht materlieft hunn. Wann de Verloscht eng éischt Schwangerschaft betrëfft, an nach keng aner, lieweg Kanner do sinn, dinn sech dës Elteren dacks schwéier sech selwer als Elteren unzegesinn, wärend si awer genau dat sinn.
Stëllgebuert
Stëll Gebuert
De Begrëff 'Stëllgebuert' oder 'Stëll Gebuert' ass eng empathesch Bezeechnung fir eng Doutgebuert, a beschreift also de Verloscht vun engem Kand virun oder bei der Gebuert. Dëse Begrëff ass esou gewielt ginn, well an dësem Fall d'Salle d'accouchement roueg, also stëll bleift.
Aus medezinescher Siicht schwätzt een ab der 23. Schwangerschaftswoch oder vun engem Gebuertsgewiicht vun iwwert 500 gr vun enger Doutgebuert, oder eben enger Stëller Gebuert.
