
Weider Ulafstellen
Et brauch e ganzt Duerf...och fir eng gesond Traueraarbecht. Hei fënns du e puer wäertvoll Ulafstellen a Persounen déi dech op dengem
perséinlechem Trauerwee kenne begleeden.

Stärekanner
Zanter 2021 bitt d'ASBL Stärekanner, déi vun der professioneller Fotografin Martine Pinnel gegrënnt ginn ass, hier Servicer trauernden Eltere gratis un.Hier Missioun ass et, Erënnerungsfotoe vu Kanner ze maachen, déi virun, bei oder kuerz no der Gebuert verstierwen, fir esou den Elteren eng wäertvoll an onersetzbar Erënnerung un hiert Kand ze schenken.
Weider Infoe fënns du hei : https://staerekanner.lu/
- by Martine Pinnel
HypnoBalance
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnosetherapeutin mat Sëtz zu Schraasseg. An hirer Praxis HypnoBalance begleet si Mënschen a verschiddene Liewenssituatioune mat Hypnos a Coaching. Zu hire Schwéierpunkte gehéieren d'Gebuertsvirbereedung (HypnoBirthing), d'Begleedung no Schwangerschaftsverloscht oder traumatesche Gebuerten, bei onerfëlltem Kannerwonsch, souwéi d'Ënnerstëtzung bei Ängschten, Stress a perséinleche Blockaden.
Weider Infor fënns du hei : https://www.hypnobalance.lu/
