top of page

Dateschutz

Als professionell Begleedung fir Fraen, déi eng Feelgebuert oder eng Stëll Gebuert duerchliewe mussen, ass de Schutz vun denge perséinlechen Donnéeën e wichtege Bestanddeel vu mengem Service. Ech leeë grousse Wäert drop, datt deng Donnéeë mat héchster Vertraulechkeet behandelt ginn an nëmmen am Aklang mat de gëltege gesetzleche Bestëmmunge vum Dateschutzrecht veraarbecht ginn.

Meng Dateschutzerklärung gëtt – jee no Aart an Ëmfang vun de geleeschte Servicer – ugepasst, fir de gesetzlechen Ufuerderungen an dem néidege Schutz vun dengen Donnéeë gerecht ze ginn. 

De Link op d’Dateschutzerklärung ass vun all Säit op menger Websäit aus accessibel, fir Transparenz an Zougänglechkeet ze garantéieren.

1. Erhiewung a Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën

 

Kontaktformular

Wann s du eis iwwer de Kontaktformular schreifs, verschaffe mir déi Donnéeë, déi s du eis ugëss (z. B. Numm, E-Mail, Telefonsnummer, Noriicht) nëmme fir deng Ufro ze beäntweren.
Dës Donnéeë ginn net un Drëttpersoune weiderginn a gi geläscht, soubal deng Ufro ofgeschloss ass.

Cookies

Eis Websäit benotzt Cookies, fir d’Notzung ze vereinfachen an de Service ze verbesseren.
Du kanns iwwert de Cookie-Banner wielen, wéi eng Cookies du akzeptéiers.
Technesch néideg Cookies sinn automatesch aktivéiert, all aner nëmmen no dengem Averständnis.

Rechtsgrondlag: Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO (Zoustëmmung).

Webanalyse (Google Analytics)

Mir benotze Google Analytics, e Service vun der Google Ireland Limited, fir anonym Informatiounen iwwer d’Benotzung vun eiser Websäit ze sammelen (z. B. besichte Säiten, Dauer vum Besuch, asw.).
Dës Analyse hëlleft eis, d’Websäit ze verbesseren.
All Date ginn anonymiséiert verschafft, IP-Adressen gi gekierzt.
Du kanns d’Analyse iwwer de Cookie-Banner desaktivéieren.

Weider Informatiounen : https://policies.google.com/privacy

Social Media Plugins

Eis Säit enthält Linken oder Plugins vu soziale Medien (Facebook, Instagram, YouTube, Pinterest).
Wann s du esou e Link klicks, gëtt eventuell eng Verbindung mat deem Provider hiergestallt.
Mir hu keen Afloss op d’Donnéeë, déi dës Plattformen erhiewen.
Benotz dës Funktiounen nëmmen, wann s du mat de Bedéngunge vum jeeweilege Provider averstane bass.

2. Hosting

Eis Websäit gëtt gehost beim Provider WIX.
Déi technesch Date (z. B. IP-Adress, Browsertyp, Zäit vum Zugriff) ginn automatesch vum Serverprotokoll veraarbecht, fir d'Sécherheet an d’Stabilitéit vun der Websäit ze garantéieren.
Dës Date ginn net benotzt, fir de Benotzer ze identifizéieren.

3. Sécherheet

Dës Websäit benotzt HTTPS / SSL-Verschlësselung, fir Är Donnéeë sécher ze iwwerdroen.
D’Verbindung erkennt Dir um „https://“ an dem Schlasssymbol an Ärem Browser.

4. Deng Rechter

Du hues zu all Moment d’Recht op:

  • Informatioun iwwert deng gespäichert Donnéeën

  • Berichtegung, Läschen oder Aschränkung vun der Veraarbechtung

  • Widderruff vun enger ginnener Zoustëmmung

  • Datenübertragbarkeet

  • Doleance bei der nationaler Dateschutzautoritéit (Commission Nationale pour la Protection des Données – CNPD

Kontakt: https://cnpd.public.lu

5. Dauer vun der Datespäicherung

Perséinlech Donnéeë ginn nëmme soulaang gespäichert, wéi et néideg ass fir den Zweck, fir deen se gesammelt goufen, oder soulaang gesetzlech Fristen dat verlaangen.

6. Ännerunge vun dëser Dateschutzerklärung

Mir behalen eis d’Recht vir, dës Dateschutzerklärung unzepassen, wann et néideg ass (z. B. bei techneschen Ännerungen oder neie gesetzleche Fuerderungen).
Déi aktuell Versioun ass ëmmer op www.stäreschnäizchen.lu

+352 621 65 15 10
Facebook Icon
Instagram Icon
WhatsApp Icon
carole@stäreschnäizchen.lu

Fir eng Ufro betreffend eng Begleedung oder bei all aner Fro, kanns du mir hei zu all Moment schreiwen.

Logo, e Puppelchen läit ob engem grousse Stär, a ronderëm hien schwiewt eng Stäreschnäichen,am grousse Stär gesäit een en S

© 2025 Stäreschnäizchen

bottom of page