top of page
Schwangere Frau im Freien

Wëssenswäertes

Hei fënns du eng Zesummestellung vu wichtegen Datumer, interessante Bicher a markante Videoen déi dech op dengem

Trauerwee kenne begleeden

moods_carole13.jpg

...fir drun ze denken

All déi wichteg Datumer am Zesummenhang mat der perinataler Trauer zu Lëtzebuerg fënns du hei op engem Bléck.

Cérémonie des étoiles vum CHL

Den CHL organiséiert all Joer eng 'Cérémonie des étoiles' , an dat mëttlerweil zanter méi wéi 20 Joer. Si ass geduecht fir Elteren, Geschwëster, Familljen a Frënn, déi e Puppelche wärend der Schwangerschaft oder kuerz no der Gebuert verluer hunn. D'Zeremonie ass net reliéis gebonnen, steet all Mënsch op, a gëtt a verschiddene Sprooche gehalen.
No der Zeremonie, an där Texter a Gedichter virgelies ginn, an déi och musekalesch encadréiert ass, gëtt et e gemittlecht Zesummesinn bei Kaffi a Kuch, wou d'Famillje sech ënnerenee kënnen austauschen an och mat de Gesondheetsprofessionelle schwätze kënnen. 

Dës Zeremonie gëtt ëmmer den éischte Samschden am Oktober organiséiert. Esoubal den Datum fir 2026 gewosst ass fënns du en hei.

Gedenkfeier fir Stärekanner vum CHdN

D'Gedenkfeier fir Stärekanner am CHdN ass eng järlech Erënnerungszeremonie, déi sech un all Famillje riicht, déi e Kand wärend der Schwangerschaft oder ronderëm d'Gebuert verluer hunn. D'Zil vun der Gedenkfeier ass et, de verstuerwene Kanner eng Plaz an der Erënnerung ze ginn an de Familljen e gemeinsame Moment vum Gedenken a  Solidaritéit unzebidden.

Dës Feier besteet aus engem gemeinsame Gedenkmoment, bei deem un déi verstuerwe Puppelcher erënnert gëtt. D'Famillje kommen zesummen, et ginn Texter an/oder Musek virgedroen, awer och  Momenter vu Rou an Erënnerung, an d'Feier bitt d'Geleeënheet, sech mat anere betraffene Familljen a Fachleit auszetauschen.

Dës Zeremonie gëtt normalerweis ee Samschde ronderëm de Weltgedenkdag vun de Stärekanner, also ëm de 15. Oktober, am Centre Hospitalier du Nord organiséiert. Esoubal den Datum fir 2026 gewosst ass fënns du en hei.

'Et ass wichteg d'Erënnerung ze fleegen , fir dass se sech
an d'Zukunft aschreift.'

- Hélène Gérin

Logo, e Puppelchen läit ob engem grousse Stär, a ronderëm hien schwiewen vill kleng Stären a Stäreschnäizecher
Stapel Bücher

...fir ze liesen

Déi Bicher déi mech ob mengem Wee zur Trauerbegleederin vu Stärenelteren, an zanterhier besonnesch markéiert hunn, hunn ech dir hei opgelëscht.

  • Stille Geburten sind auch Geburten
                      - und Sterneneltern sind auch Eltern

( Corinna Hansen-Krewer )

IMG_6346_edited_edited.png

An dësem Buch stellt d'Corinna Hansen-Krewer d'Fro wat muss geschéie fir dass d'Eltere vu vill ze fréi verstuerwene Kanner endlech déi Begleedung an Ënnerstëtzung kréien, déi si brauchen an och verdéngen.

Wat wier, wann eis Gesellschaft unerkenne géif, datt och Eltere vu Stärekanner Eltere sinn – mat hire Besoinen, Gefiller an Emotiounen? Wat wier, wann d'medezinescht Personal gutt virbereet, speziell ausgebilt a gläichzäiteg selbstkritesch a reflektéiert op dës Elteren zougoe kéint? A wat géif dat fir eis Gesellschaft bedeiten, wa mir eis géigesäiteg géifen droen, amplaz aus Onsécherheet oder Angscht op Distanz ze goen?

Ob eng onheemlech beréierend an ergräifend Aart a Weis erzielt d'Corinna Hansen-Krewer hiren eegenen Trauerwee, wat si wärend dëser onheemlech schwéieren Zäit gebraucht hätt, mat wéi eng onglaublecher Kraaft si aus dëser Situatioun erauskomm ass, a wéi sech hiert Liewen zanterhier verännert huet.

  • Weitertragen - Wege nach pränataler Diagnose

(Kathrin Fezer Schadt & Carolin Erhardt-Seidl)

IMG_6356_edited_edited_edited_edited.png

Dëst Buch beschäftegt sech mat de Froen an Erausfuerderungen, déi duerch eng Prenataldiagnos wärend der Schwangerschaft entstoe kënnen. Et weist, wéi schwiereg d'Entscheedunge fir zukünfteg Eltere sinn, wann eng schwéier Erkrankung oder Behënnerung beim Kand festgestallt gëtt. D'Autorinnen plädéiert fir eng ëmfaassend an objektiv Opklärung iwwer all méiglech Weeër – dorënner d'Weiderféiere vun der Schwangerschaft, palliativ Betreiung oder och e Schwangerschaftsofbroch. Nieft de Perspektive vu betraffenen Eltere kennt och Gesondheetspersonal zu Wuert fir eis hier Meenung iwwert déi verschidde Weeër matzedeelen. D'Buch soll Elteren no enger Prenataldiagnos begleeden, hinnen hëllefen eng informéiert Entscheedung ze treffen an si op hirem individuelle Wee ënnerstëtzen.

'Ganz egal wéi al, wéi grouss, wéi schwéier - Léift léisst sech net a Woche moossen.'
 - Auteur onbekannt

Logo, e Puppelchen läit ob engem grousse Stär, a ronderëm hien schwiewen vill kleng Stären a Stäreschnäizecher
Nachdenkliche Frau Sonnenuntergang

 ...fir ze kucken

 Interessant Videoen am Zesummenhang mat der perinataler Trauer fënns du hei :

 Birgit Rutz virum Landtag Nordrhein-Westfalen

Dëst ass eng immens beréierend Uried déi d'Trauerbegleederin Birgit Rutz 2023 virum Landtag Nordrhein-Westfalen gehalen huet. An dëser Ried plädéiert si fir méi Unerkennung fir d'Situatioun vun de Stärenelteren, fir eng besser Ausbildung vun dem begleedende Personal a fir méi Mënschlechkeet am Ëmgang mat betraffene Familljen.  

Video: Warum sprechen wir nicht endlich von Kindern und Familien?
Auteur/Kanal: Birgit Rutz / Hope's Angel
Quell: YouTube

(Dëse Video gëtt iwwer den offizielle YouTube-Player agebett.)

 Versa

Versa ass e kuerzen Animatiounsfilm vun Disney Animation, dee sech mat dem Thema vun der perinataler Trauer auserneesetzt. Ouni Dialog erzielt de Film op eng symbolesch a poetesch Manéier d'Geschicht vun enger Koppel, déi de Verloscht vun hirem Puppelche verschafft. Mat Hëllef vu Stären, Liicht a Beweegung weist de Film d'Emotioune vun Trauer, Léift, Distanz an Hoffnung a mécht domat déi oft onsiichtbar Erfarung vum perinatalen Trauerprozess fir e breede Public zougänglech.

Dëse Kuerzfilm gouf vum Malcon Pierce geschriwwen a realiséiert , an ass vun dem senger perséinlecher Geschicht inspiréiert: hien huet nämlech selwer säin neigebuere Jong wärend der Gebuert verluer. De Film gëtt vu ville Fachleit an Associatiounen am Beräich vun der perinataler Trauer gelueft, well en op eng sensibel a poetesch Aart e Sujet behandelt, deen nach ëmmer en Tabu ass. Hien hëlleft, d'Gefiller vu betraffenen Eltere verständlech ze maachen, och fir Mënschen, déi selwer kee perinatale Verloscht erlieft hunn.

Video: Versa | Short Circuit | Walt Disney Animation Studios
Auteur/Kanal: Daps Magic - Disney News and Positive Stuff
Quell: YouTube

(Dëse Video gëtt iwwer den offizielle YouTube-Player agebett.)

+352 621 65 15 10
Facebook Icon
Instagram Icon
WhatsApp Icon
carole@stäreschnäizchen.lu

Fir eng Ufro betreffend eng Begleedung oder bei all aner Fro, kanns du mir hei zu all Moment schreiwen.

Logo, e Puppelchen läit ob engem grousse Stär, a ronderëm hien schwiewt eng Stäreschnäichen,am grousse Stär gesäit een en S

© 2025 Stäreschnäizchen

bottom of page