
Massagen
Trauer geschitt net nëmmen am Kapp, mee si setzt sech lues a lues am ganze Kierper fest. Mat hëllef vu verschiddene Massage-Technike versichen ech dës blockéiert Emotiounen erëm an de Floss ze kréien


Therapeutesch Fraemassage
Wat ass TFM
D'Therapeutesch Fraemassage (TFM) ass eng douce, ganzheetlech Massageform, déi speziell op d'Besoine vum weibleche Kierper ofgestëmmt ass. Si versteet de Mënsch als Eenheet vu Kierper, Geescht a Séil an ënnerstëtzt Fraen an de verschiddene Liewensphasen.
Bei der TFM steet net nëmmen d'Entspanung am Mëttelpunkt, mee och d'Bewosstsinn fir den eegene Kierper. Duerch duuss Beréierungen a gezielte Massagegrëffer gëtt de Kierper dobäi ënnerstëtzt, Spannunge lasszeloossen an erëm a säin natierlecht Gläichgewiicht ze fannen.
Meng Wellnessmassage déi ech bei der Claudia Pfeiffer geléiert hunn, baséiert op der TFM an orientéiert sech un der Method vum Creative Healing, déi de Mënsch am Ganze kuckt an de Kierper dobäi ënnerstëtzt, seng eege Ressourcen an seng Selbstregulatioun ze stäerken.
Wéi gesäit eng Behandlung aus
Virun all Behandlung huele mir eis Zäit fir e perséinlecht Gespréich. Sou kann d'Massage un deng aktuell Situatioun an deng Besoinen ugepasst ginn. Et ginn e puer Grondgrëffer déi bei all Behandlung benotzt ginn, awer no dëse Grondgrëffer gëtt d'Massage ëmmer ganz individuell ugepasst.
D'Therapeutesch Fraemassage schwätzt net nëmmen d'Muskelen, d'Seenen an d'Bindegeweebe un, mee och de Becken- a Bauchberäich mat senge weiblechen Organer. Duerch gezielt an douce Grëffer kënnen d'Duerchbluddung, de Lymphfloss an d'Beweeglechkeet vum Tissu ënnerstëtzt ginn. Doduerch kann de Kierper a senger natierlecher Selbstregulatioun ënnerstëtzt ginn.
D'Therapeutesch Fraemassage kann dozou bäidroen,
-
d'Spannungen am Kierper ze léisen,
-
d'Duerchbluddung an de Lymphfloss ze ënnerstëtzen,
-
de Becken- a Bauchberäich duuss ze mobiliséieren,
-
d'Kierperbewosstsinn ze stäerken,
-
d'Entspanung an d'Regeneratioun ze fërderen,
-
Kierper a Geescht erëm an d'Balance ze bréngen.
Vill Frae beschreiwen no der Behandlung e Gefill vu Liichtegkeet, Rou an enger méi déiwer Verbindung mat sech selwer.
D'Therapeutesch Fraemassage kann eng wäertvoll Begleedung sinn,
-
vum Menstruatiounszyklus,
-
bei engem Kannerwonsch,
-
wärend an no der Schwangerschaft,
-
no engem Verloscht oder enger Feelgebuert,
-
an der Perimenopause a Menopause,
-
bei Stress an Erschëpfung,
-
oder einfach als Zäit fir sech selwer.

Ayurveda Massage
Wat ass Ayurveda
Ayurveda ass eng traditionell Heelkonscht aus Indien, déi viru méi wéi 3.000 Joer entstanen ass.
De Begrëff kënnt aus dem Sanskrit:
-
Ayus = Liewen
-
Veda = Wëssen
Ayurveda bedeit also "Wëssen iwwer d'Liewen".
D'Zil vum Ayurveda ass et, Kierper, Geescht a Séil an d'Gläichgewiicht ze bréngen. Dobäi geet et net nëmmen drëm, Symptomer ze behandelen oder Péng ze erliichteren, mee och drëm, d'Gesondheet an d'Wuelbefannen nohalteg ze stäerken oder erëm hierzestellen. E wichtege Bestanddeel dovun ass déi natierlech Selbstheelungskräfte vum Kierper ze aktivéieren , z'ënnerstëtzen an ze festegen.
Déi ganzheetlech Ayurveda-Heelkonscht kann a ville Beräicher vum Liewen ugewannt ginn – vun enger individuell ofgestëmmter Ernierung iwwer Yoga, Meditatioun an Otemübunge bis hin zu planzlechen Heelmëttel an Ayurvedamassagen mat waarmen Ueleger.
Wat ass eng Ayurveda Massage
Eng Ayurvedamassage ass vill méi wéi eng klassesch Wellnessmassage.
Si gëtt mat waarmen, natierlechen Ueleger ausgefouert, déi op déi individuell Besoinen ofgestëmmt kënne ginn. Mat rouegen, rhythmeschen an deels déif wierkenden Grëffer hëlleft si,
-
Muskelverspanungen ze léisen,
-
de Kierper ze entspanen,
-
d'Selbstheelungskräfte unzereegen,
-
de Stress ofzebauen,
-
d'Gläichgewiicht vu Kierper a Geescht ze fërderen.
Ayurvedamassagen kënnen ënnerstëtzend si bei,
-
Stress an emotionaler Belaaschtung,
-
Middegkeet an Erschëpfung,
-
Schlofproblemer,
-
dem Wonsch no méi Rou an Entspanung,
-
dem Bestriewen no méi Balance a Wuelbefannen,
-
an usprochsvolle Liewensphasen,
-
bei hormonelle Verännerungen,
-
oder einfach als kleng Auszäit fir Kierper a Séil.
Ayurvedamassagen kënnen um ganze Kierper ugewannt ginn. Jee no Besoinen an der gewielter Behandlung gi Beräicher wéi de Kapp, d'Gesiicht, d'Genéck, d'Schëlleren, de Réck, de Bauch, d'Äerm, d'Hänn, d'Been an d'Féiss mat waarmen Ueleger masséiert.
All Behandlung gëtt individuell un d'Persoun an hir Besoinen ugepasst.


_reference_202.jpg)

