
Meng Begleedung
Ob Feelgebuert, Stëllgebuert oder Schwangerschaftsofbroch, d' perinatal Trauer huet esou vill Facetten a Gesiichter wéi Geschichten a Famillen déi hannendru stinn.
A menger Begleedung schaffen ech ganzheetlech an am Respekt
vun dëse komplexe Strukturen.


D'Begleedung vu Klenge Gebuerten
(Feelgebuerten)
Eng Kleng Gebuert bis zur 12. Schwangerschaftswoch kann ob ganz verschidden Aart a Weise stattfannen. Entweder et si spontan Bluddungen opgetrueden, an däi Puppelchen huet selwer decidéiert elo ganz schnell mee leider vill ze fréi op d'Welt ze kommen. Oder villäicht krus du och vun dengem Dokter gesot dass d'Häerz vun dengem Puppelchen opgehalen huet mat schloen.
An deene meeschte Fäll ginn et verschidde Méiglechkeeten däi Puppelchen op d'Welt ze bréngen. Ob mat Hëllef vu Medikamenter, spontan oder ganz natierlech, ech klären dech iwwert déng Optiounen op, ënnerstëtzen dech an denger Decisioun, a begleeden dech ob dësem schwéiere Wee.
An trotz där kuerzer Zäit déi dir nëmme wäert kennen zesumme verbrénge ginn et Méiglechkeete vill wichteg Erënnerungen ze kreéieren, an däi Puppelchen ob eng wierdeg Aart a Weis erëm vun dëser Welt fortgoen ze loossen. Och dobäi stinn ech dir zur Säit an deele mat dir mäi Wëssen, dat ech mir mat vill Dévouement ugëeegent hunn, fir dech beschtméiglech duerch de Wee vun der Trauer ze begleeden.


D'Begleedung vu spéide Klenge Gebuerten a Stëlle
Gebuerten
Kleng Gebuerten tëschent der 12. an der 22. Schwangerschaftswoch souwéi och Stëll Gebuert, no der 23. Schwangerschaftswoch gehéieren an eng Maternité, wou sech medezinescht Personal kann em dech an däi Puppelche këmmeren. Mee mat hirem Accord kann ech dech och gären do begleeden. Well och an engem Spidol oder an enger Klinik kann een e schéine Kader fir är speziell Situatioun schafen, fir dass du déi wäertvoll Momenter mat dengem Puppelchen an engem wuelgesënnten Ëmfeld erliewe kanns.


D'Begleedung vum Schwangerschaftsofbroch aus medezinesche Grënn
De Wee vun engem éischte Verdacht bis hin zur definitiven Diagnos ass meeschtens immens laang. Gesot ze kréien dass eventuell e gravéierende gesondheetleche Probleem bei dengem Puppelchen oder bei dir besteet ass eppes wat keen Elterendeel well héieren. An dann eng Decisioun mussen ze huelen déi iwwert däint oder dengem Kand säi Liewe bestëmmt, ass wuel mat eng vun de schwéiersten Entscheedungen déi e Mënsch jeemools a sengem Liewe muss treffen. Op dësem schwéiere Wee kann et besonnesch wichteg sinn eng Begleedung u denger Säit ze hunn, mat där s du am Vertraue kanns iwwert all déi schwiereg Theme schwätzen déi elo ob dech, däi Partner an deng Famill duer kommen. Duerch dat ugëeegent Hannergrondwësse kann ech opklärend an ënnerstëtzend un denger Säit stoen, egal fir wéi e Wee dass du dech entscheets, sief et fir e Schwangerschaftsofbroch oder ob s du trotzdeem dëst Kand wëlls weiderdroe, bis et ob d'Welt kennt.


D'Begleedung vum Papp oder Partner:in
Net nëmme fir d'Mamm ass de Verloscht vum Puppelchen en déifgräifenden Erliefnis. Och fir de Papp, de Partner oder d'Partnerin ass dëst eng aschneidend Erfarung. An och fir si ass et wichteg en Uspriechpartner ze hunn, deem si hier eege Suergen a Bedenke fräi kenne matdeelen , an deen si op hirem ganz perséinleche Wee begleet an ënnerstëtzt.


D'Begleedung vun de Geschwëster
Et traut een sech net ëmmer mat Kanner iwwert Trauer an Doud ze schwätzen. D'Experten si sech awer eens, dass et gutt a wichteg ass ganz éierlech mat de Kanner iwwer dës Themen ze schwätzen. Op eng altersgerecht Aart a Weis begleeden ech och si op hirem perséinlechen Trauerwee, deen oft vill méi faarweg ass wéi dee vun den Erwuessenen. Iwwert léif Erzielungen a kandgerecht Geschichte kennen d'Kanner hier Trauer em de Verloscht vun hirem klenge Geschwësterchen verschaffen an och fir sech selwer e puer Erënnerung mat him schafen.


D'Begleedung vu Schwangerschaften no engem Schwangerschaftsverloscht
Och eng uschléissend Schwangerschaft no engem perinatale Verloscht ass fir déi meescht Elteren eng grouss Erausfuerderung. D' Ängscht a d' Suergen aus der vireger Schwangerschaft sinn ob ee Coup erëm ganz present, a ginn ab elo Hand an Hand mat der Freed déi dës nei Schwangerschaft mat sech bréngt. Duerch meng Ausbildung als Doula hunn ech och déi néideg Kompetenze fir dech an dëser spezieller Situatioun ze begleeden an ze ënnerstëtzen, souwuel wärend der Schwangerschaft, ënnert der Gebuert wéi och an der éischter Zäit dono.


D'Begleedung vu medezinesch assistéierte Schwangerschaften
Net all Schwangerschaft fänkt mat engem positive Schwangerschaftstest un. Verschidde Schwangerschaften hu schonn e laange Wee hannert sech ier se iwwerhaapt entstoen dierfen. An net all perinatal Trauer fänkt mam Doud vun engem Puppelchen un. D' Erausfuerderungen deenen sech eng Koppel mat onerwënschtem Kannerwonsch muss stellen, sinn esou ënnerschiddlech wéi komplex an erfuerderen enorm vill Courage a Resilienz.
Eng empathesch Begleedung kann dës Situatioun zwar net änneren, mee kann dozou bäidroen, se e bësse méi erdrobar ze maachen. Eng konstant, ënnerstëtzend Presenz an en oppent Ouer kennen dir hëllefen dës schwiereg Zäit besser ze iwwerstoen an zur richteger Zäit déi wichteg Entscheedunge méi einfach kennen ze huelen.


Begleedung wann de Verloscht scho geschitt ass
Heiansdo geet alles esou schnell, dass ee keng Zäit huet ze reagéieren oder ze realiséiere wat grad geschitt ass. Oder et seet ee sech dass een dat och esou packt, an dass ee keng friem Hëllef brauch. An heiansdo weess ee mol net dass een e Choix hat. Mee et ass ni ze spéit fir u senger Trauer ze schaffen. Och wann de Verloscht schonn eng Zäit hier ass, sou kann een trotzdeem och nach nodréiglech Erënnerunge schafen, dem verstuerwene Kand seng Platz an der Famill zougestoen, an erëm bësse Liichtegkeet an dës schwiereg Situatioun bréngen. Och heibäi kann ech dech begleeden, a mat dir zesummen deng perséinlech Trauergeschicht ëmschreiwen.

Ufro Begleedung : Timeline
Wat muss du elo maache wann s du wëlls dass ech dech begleeden ?

1
Ufro
Als alleréischt kanns du einfach eng Ufro iwwert de Kontaktformular ausfëllen a fortschécken.
Éischte Rdv
Ech kontaktéieren dech a mir maachen zesummen en éischte Rendez-vous aus.
Fir dëse Rdv berechnen ech 75€. Falls et zu enger Begleedung sollt kommen,
gëtt dëse Montant awer erëm vum Gesamtmontant ofgehalen.

2

3
Devis
Ech schécken dir e perséinlechen Devis, deen op déng Situatioun ofgestëmmt ass, a mir kucken zesummen op dat sech esou richteg fir dech ufillt.
Begleedung
Meng Begleedung start direkt nom Accord iwwert den Devis an dauert esou laang wéi d'Situatioun dat erfuerdert, oder esou laang wéis du dat gär häss.

4
