
Meng Servicer
Et ass déng Trauer, däi Gefill. Mee ech kann dir hëllefen dës Trauer ze droen,
esou laang bis du erëm selwer staark genuch bass fir se eleng ze droen.
An op deem Wee begleeden ech dech.

eng standhaft ...
Presenz
Wärend menger Begleedung, zu deene Momenter wou et fir dech am wichtegsten ass, kommen ech bei dech Heem, fir beschtméiglechst op deng, an är Bedürfnisser kennen anzegoen. Fir dech ganz konkreet op dat virzebereede wat elo ob dech duerkënnt, a fir an deene Momenter eng Presenz fir dech ze sinn un däers du dech kanns festhalen.
Wärend der ganzer Begleedung stinn ech dir och zu all Moment per Telefon zur Verfügung. Entweder iwwer Messagen, oder wann s du dat grad brauchs, a meng Situatioun et erlaabt, mat engem Uruff fir perséinlech mat dir ze schwätzen. All deng Froen, Onsécherheeten an Ängscht kanns du mat mir deelen, an ech versichen dir dës esou éierlech an authentesch ze beäntwerte wéi et mir méiglech ass.

eng konstant ...
Disponibilitéit
&

Erënnerungen
... schafen
Dee kuerze Moment deens du wäerts dierfe mat dengem Puppelchen op dëser Welt verbrénge soll net ongenotzt bleiwen. Ech leeden dech un, fir Erënnerunge vun onschätzbarem Wäert mat dengem Puppelche festzehalen, an esou e klengen Deel vun him fir ëmmer kenne bei dir ze behalen.
Ritualer ginn eis Halt a Sécherheet an alle Liewenssituatiounen, a besonnesch an de schwierege Momenter vun eisem Liewen. Och fir dëse schwéiere Wee ob deem s du dech grad befënns ginn et Ritualer déi hëllefen déi ganz Situatioun ze verschaffen, an dengem Puppelchen eng würdevoll Begréissung, an e friddvollt goen ze erméiglechen.

... déi dir erëm Buedem ënnert de Féiss ginn
Ritualer
&

... op Aenhéicht

Geschwësterbegleedung
Och fir d'Geschwësterkanner ass et wichteg ob hirem Wee duerch d'Trauer begleet ze ginn. Duerch Altersgerechten Erklärungen a mat hëllef vu beréierend Geschichten an Erzielunge kann ee mat hinnen ouni Angscht iwwert Trauer a Verloscht schwätzen. An esou och hinnen de Wee duerch dës Trauererfarung e bësse méi liicht maachen.

Déi wéineg Zäit déi dir zesumme mat ärem Kand hutt ass onheemlech wäertvoll. Dës Zäit sollt net duerch administrativen Demarchë verkierzt ginn. Dofir iwwerhuelen ech dës Aufgabe fir iech wou et méiglech ass a guidéieren iech bei Froe fir dass dës Administrativ Aufgabe fir iech esou wéineg wéi méiglech
Zäit an Usproch huelen.

Administrativ
Demarchen
... iwwerhuelen


Massagen
...déi dech erëm an déng Mëtt bréngen
Mat verschiddenen Massage-Techniken, hëllefen ech dir an dëser onstabiller Zäit erëm zu dir selwer ze fannen. Duerch Ausbildungen an der Ayurveda-Massage an der Therapeutescher Fraemassage, hunn ech verschidde Méiglechkeete geléiert, fir déi Emotiounen déi sech am Kierper festgesat hunn, duerch Beréierung a Beweegung ze bréngen an erëm an de Floss ze kréien, wou se da kenne verschafft ginn.
An all Begleedung ass eng Massage mat abegraff, all weider Massage kann eenzel gebucht ginn. An och ouni Begleedung sinn d'Massagen eenzel oder am Package buchbar.

