
Wellnessmassage
baséierend op der Therapeutescher Fraemassage (TFM)

Wellnessmassage (TFM)
Als Begleedung bei Trauer, Schwangerschaft oder Fruchtbarkeetsbehandlung.
Éischt Massage mat Virgespréich
135 €*
Wéi kann eng TFM bei Trauer ënnerstëtzen
Trauer ass net nëmmen eng emotional Erfarung, si weist sech dacks och am Kierper. Spannungen, Middegkeet, Belaaschtung, Schlofproblemer oder e Gefill vun Distanz zum eegene Kierper kënnen Deel vum Trauerprozess sinn. D'Therapeutesch Fraemassage bitt e geschützte Raum, an deem de Kierper zur Rou komme kann. Duerch duuss Beréierungen a gezielte Massagegrëffer kënnen d'Spannunge lassloossen an der Entspanung Platz maachen.
Besonnesch no enger Klenger Gebuert, enger Stëllgebuert oder engem anere Verloscht kann de Kierper nach laang Spuere vun dëser Erfarung mat sech droen. A grad bei enger Fruchtbarkeetsbehandlungen kann d'Vertrauen an den eegene Kierper déif erschüttert sinn. D'Therapeutesch Fraemassage schaaft Raum, fir sengem Bauch- a Beckeberäich nees mat Opmierksamkeet a Léift ze begéinen. Si kann dobäi hëllefen, de Kierper bewosst wouerzehuelen an de perséinlechen Heelungsprozess duuss z'ënnerstëtzen.
Vill Frae beschreiwen, datt si sech no der Behandlung erëm méi mat sech selwer verbonne fillen an de Kierper nees als eng Quell vu Kraaft erliewen.
D'Therapeutesch Fraemassage kann dozou bäidroen,
-
de Kierper an der Entspanung ze ënnerstëtzen,
-
Spannungen am Bauch-, Becken- a Réckeberäich ze léisen,
-
e Gefill vu Gebuergenheet a Sécherheet ze vermëttelen,
-
de Kontakt mam eegene Kierper erëm opzebauen,
-
sech selwer mat Matgefill a Rou ze begéinen,
-
sech Zäit fir Trauer, Erhuelung an nei Kraaft ze huelen.
Wéi kann eng TFM wärend der Schwangerschaft ënnerstëtzen
De Kierper vollbréngt all Dag vun der Schwangerschaft eng onvirstellbar usprochsvoll Leeschtung , fir neit Liewe wuessen ze loossen. Fir eng Fra ass dës eng Zäit vu grousse kierperlechen an emotionale Verännerungen. D'Therapeutesch Fraemassage bitt an dëser besonnescher Zäit e séchere Raum fir Rou, Entspanung a Wuelbefannen.
Si invitéiert an dëser spezieller Zäit dozou, aus dem Alldag erauszetrieden, de Kierper bewosst ze spieren an eng déif Verbindung mat sengem Puppelchen opzebauen. Déi duuss Beréierunge kënnen hëllefen, Spannungen ze léisen, Rou ze fannen an d'Schwangerschaft mat méi Liichtegkeet ze erliewen.
Duerch déi bewosst Massagegrëffer ka si dozou bäidroen,
-
Spannungen am Réck, Genéck a Schëlleren ze léisen,
-
de Bauch- a Beckeberäich duuss ze ënnerstëtzen,
-
dem Kierper e Gefill vu Liichtegkeet erëmzeginn,
-
d'Duerchbluddung an de Lymphfloss ze ënnerstëtzen,
-
d'Entspanung an d'Regeneratioun ze fërderen,
-
de Kontakt tëscht der Mamm an hirem Puppelchen ze stäerken,
-
Vertrauen an de Kierper ze fërderen

