top of page
Spa_Topaz Image Upscale_2026-02-08_13-28-47_edited.jpg

Ayurveda-

Schwangerschaftsmassage

Gharbini Abhyanga

Sonnenuntergang durch das Schilf

Ayurveda-

Schwangerschaftsmassage

Als Begleedung wärend der Schwangerschaft an als Virbereedung op d'Gebuert.

E Moment vu Genoss

1 Massage

140 €

Zäit fir Entspanung

3 Massagen

399 €

Raum fir Wuelbefannen

5 Massagen

630 €

* all Massage dauert 90 Minutten

Wéi kann eng Ayurveda-Massage wärend der Schwangerschaft ënnerstëtzen 

D'Schwangerschaft ass eng eenzegaarteg Zäit voller Verännerungen. De Kierper schafft all Dag op Héchstleeschtung, fir neit Liewe wuessen ze loossen. D'Ayurveda-Schwangerschaftsmassage begleet dech an dëser besonnescher Liewensphas ganzheetlech - mat waarmen Ueleger a duusse Beréierungen.

Si schaaft Momenter vu Rou a Wuelbefannen, an deenen s du dech ganz op dech an däi Puppelche konzentréiere kanns. Déi waarm Ueleger fleegen d'Haut an d'Geweebe, wärend déi harmonesch Massagegrëffer hëllefen, Verspanungen ze léisen an de Kierper an der Regeneratioun ze ënnerstëtzen.

Och emotional erliewe vill Fraen dës Massage als immens berouegend. Si bitt eng Zäit fir den Alldag hannert sech ze loossen, a sech eran ze lauschteren an déi besonnesch Verbindung zum Puppelche bewosst ze stäerken.

An der Ayurveda Traditioun gëtt fir all Mound vun der Schwangerschaft eng Massage recommandéiert. Wann dat net méiglech ass, kann och eng Massage pro Trimester eng wäertvoll Ënnerstëtzung sinn. Nieft de Behandlungen an der Schwangerschaft kann och eng gebuertsvirbereedend Massage an eng Massage am Wochebett de Kierper an dëser besonnescher Zäit begleeden.

Eng Ayurveda-Schwangerschaftsmassage kann dozou bäidroen,

  • däi Wuelbefannen an der Schwangerschaft ze fërderen,

  • Rou an Entspanung ze schafen,

  • Verspanungen am Réck, Genéck, Schëlleren a Been ze lockeren,

  • d'Duerchbluddung an de Lymphfloss ze ënnerstëtzen,

  • e Gefill vu Liichtegkeet am Kierper ze fërderen,

  • d'Haut an d'Geweebe geschmeideg ze halen,

  • de Kierper duuss op d'Gebuert virzebereeden,

  • d'Verbonnenheet tëschent Mamm a Puppelchen ze verdéiwen,

  • bewosst Momenter vun Opmierksamkeet fir d'Mamm an hiert Kand ze schafen,

  • de Kierper an de Geescht ze entspanen.

Sonnenuntergang durch das Schilf
+352 621 65 15 10
Facebook Icon
Instagram Icon
WhatsApp Icon
carole@stäreschnäizchen.lu

Fir eng Ufro betreffend eng Begleedung oder bei all aner Fro, kanns du mir hei zu all Moment schreiwen.

Logo, e Puppelchen läit ob engem grousse Stär, a ronderëm hien schwiewt eng Stäreschnäichen,am grousse Stär gesäit een en S

© 2025 Stäreschnäizchen

bottom of page